Klammen

Klammen léiren beim GAL

Dem GAL gesäit séng Aufgab doranner, dene Jonken Klammen beizebréngen, als éischt am sécheren Emfeld vun der Klotermauer. Eis Moniteuren gin do engersäits hiert Wëssen ronderem den Emgang mam Klotermaterial an d'Verhaalen an der Kloterhaal weider. Anerersäits vermëttelen sie och Klotertechnik fir denen Jonken d'Méiglechkeet ze gin sech mat Freed an der 3. Dimension weiderzebewegen.

Den nächste Schrëtt as dann de Fiels, wou mir déi Jonk a Jugendlëch begleeden, an se un dat Element eruféiren.

Och bei den Erwuessenen leen mir de Schwéierpunkt op Ausbildung, déi et eise Memberen soll erméiglechen, sech autonom a sécher an der Haal oder am Fiels fortzebewegen.

Kloterhaalen an der Emgéigend

Wou? Waat?
Coque, Luxembourg Kirchberg toprope, lead, boulder
D-Summit, Dudelange toprope, lead, boulder
Redrock Climbing Center, Sanem toprope, lead, boulder
L'Escale, Arlon toprope, lead (*), boulder
Rocklands, Saarlouis toprope, lead, boulder
Blocschokolade, Trier boulder
Eifelblock, Trier boulder

 


 

Cours'en fir 2022/2023 sin hei